Much is made about the creative decisions in ads for the Big Game, but how does all that money, those requisite celebrity cameos, and everything else that goes into these multi-million dollar investments translate into Return on investment? Today we’re going to talk about what the numbers tell us from all those high-profile ads and who the winners and losers of the Advertising Bowl are in 2025. To help me discuss this topic, I’d like to welcome Nataly Kelly, CMO at Zappi, who unveiled their annual Super Bowl Ad Success report on Monday. We’re here to talk about the approach, the results, and what those results mean for brands that invested a lot of money - and time - into their campaigns. About Nataly Kelly I help companies unlock global growth For more than two decades, I have helped scale businesses across borders, as an executive at B2B SaaS and MarTech companies. I’m Chief Marketing Officer at Zappi, a consumer research platform. I spent nearly 8 years as a Vice President at HubSpot, a multi-billion-dollar public tech company, driving growth on the international side of the business. Having served as an executive at various tech companies, I’ve led teams spanning many functions, including Marketing, Sales, Product, and International Ops. I’m an award-winning marketing leader, a former Fulbright scholar, and an ongoing contributor to Harvard Business Review. I love working with interesting people and removing barriers to access. RESOURCES Zappi website: https://www.zappi.io/web/ Connect with Greg on LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/gregkihlstrom Listen to The Agile Brand without the ads. Learn more here: https://bit.ly/3ymf7hd Don't miss a thing: get the latest episodes, sign up for our newsletter and more: https://www.theagilebrand.show Check out The Agile Brand Guide website with articles, insights, and Martechipedia, the wiki for marketing technology: https://www.agilebrandguide.com The Agile Brand podcast is brought to you by TEKsystems. Learn more here: https://www.teksystems.com/versionnextnow The Agile Brand is produced by Missing Link—a Latina-owned strategy-driven, creatively fueled production co-op. From ideation to creation, they craft human connections through intelligent, engaging and informative content. https://www.missinglink.company…
De Nohaltegkeetsrot präsentéiert "One Planet, 20 Futures" - de Podcast, deen eis all soll hëllefen ze verstoe wéi Lëtzebuerg wierklech nohalteg ka si fir dass eise Planéit fir eis alleguer duer geet. 20 Joër Nohaltegkeetsrot = 20 Episode fir iech! Mir diskutéieren hei d'Zukunftsvisioune vun 20 spannende Leit, déi sech all fir eng besser Zukunft zu Lëtzebuerg asetzen. Wéi et sech fir ee Lëtzebuerger Podcast gehéiert, sinn Episoden op Englesch, Franséisch an Däitsch dobäi. Den CSDD (Conseil Supérieur pour un Développement Durable) ass ee Berodungsinstrument fir d'Regierung an een Think Tank fir Nohaltegekeet zu Lëtzebuerg. Säit 2004 setzt en sech a fir eng Politik déi d'Ökonomie matt sozialer Gerechtegkeet an der Suerg fir d'Ëmwelt a Verbindung setzt. Followt eis op LinkedIn, Instagram, YouTube a Facebook (@CSDD_Nohaltegkeetsrot & @oneplanet_20futures) Credits: Host: Cédric Reichel Film & Montage: Sébastien Eggen & Guy Eggen Coordination Générale: Nathalie Schroeder Graphik Design: Lisa Dabe & Maxime Perriet Musek: Gast Waltzing D'Fro vum Nohaltegkeetsrot: Christina Mayer, Georges Bock, Norry Schneider & Rachel Reckinger Une Production du CSDD - Nohaltegkeetsrot @copyright 2024
De Nohaltegkeetsrot präsentéiert "One Planet, 20 Futures" - de Podcast, deen eis all soll hëllefen ze verstoe wéi Lëtzebuerg wierklech nohalteg ka si fir dass eise Planéit fir eis alleguer duer geet. 20 Joër Nohaltegkeetsrot = 20 Episode fir iech! Mir diskutéieren hei d'Zukunftsvisioune vun 20 spannende Leit, déi sech all fir eng besser Zukunft zu Lëtzebuerg asetzen. Wéi et sech fir ee Lëtzebuerger Podcast gehéiert, sinn Episoden op Englesch, Franséisch an Däitsch dobäi. Den CSDD (Conseil Supérieur pour un Développement Durable) ass ee Berodungsinstrument fir d'Regierung an een Think Tank fir Nohaltegekeet zu Lëtzebuerg. Säit 2004 setzt en sech a fir eng Politik déi d'Ökonomie matt sozialer Gerechtegkeet an der Suerg fir d'Ëmwelt a Verbindung setzt. Followt eis op LinkedIn, Instagram, YouTube a Facebook (@CSDD_Nohaltegkeetsrot & @oneplanet_20futures) Credits: Host: Cédric Reichel Film & Montage: Sébastien Eggen & Guy Eggen Coordination Générale: Nathalie Schroeder Graphik Design: Lisa Dabe & Maxime Perriet Musek: Gast Waltzing D'Fro vum Nohaltegkeetsrot: Christina Mayer, Georges Bock, Norry Schneider & Rachel Reckinger Une Production du CSDD - Nohaltegkeetsrot @copyright 2024
An dëser Episode vun "One Planet, 20 Futures" schwätzt eisen Host de Cédric Reichel, mam Jeannot Schroeder, engem Expert an der Kreeslafwirtschaft. Dem Här Schroeder seng Visioun ass, dass et bis 2050 de Begrëff Offall net méi gëtt. Wéi komme mir dohin a wat ass deen éischte Schrëtt? Ween muss aktiv ginn, fir dass mir eng Circular Economy erreeche kënne? Wat hu Daten domadder ze dinn? Dat a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Dir fannt eis op alle Plattforme wou et Podcaste ginn a kënnt eis op LinkedIn (@CSDD-Nohaltegkeetsrot) an op Instagram (@oneplanet_20futures) follegen. Méi Informatiounen: ISO Norm 59010 - Circular Economy: https://www.iso.org/standard/80649.html PCDS (Product Circularity Data Sheet): https://pcds.lu/ MuD – Musée Des Déchets : https://themud.eu/ Luxembourg Overshoot Day: https://overshoot.footprintnetwork.org/newsroom/country-overshoot-days/ D’Rubricken: 08:14 - De kritesche Geescht 10:20 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 14:44 - Fakten, Fakten, Fakten 19:48 - Top Flop…
In dieser Episode, die ausnahmsweise auf Deutsch aufgezeichnet ist, redet Cédric Reichel mit Frau Dr. Sandra Heck, von der interministeriellen Kommission für Gleichheit zwischen Mann und Frau. Gleiche Rechte für alle? Das bleibt ein Traum für Viele, sagt Sandra Heck. Im Sport, sowie in den Schulen und am Arbeitsmarkt - überall gibt es Ungleichheiten die nicht nur Frauen, sondern alle Minoritäten betreffen. Diese Episode erklärt, warum Gerechtigkeit nicht nur eine Frage der Zahlen ist, sondern vor allem eine Diskussion und eine Umsetzung von struktureller Veränderung sein muss. Wie können wir eine nachhaltige Gesellschaft aufbauen, in der wirklich jeder und jede gleiche Chancen hat? Hör jetzt rein! Sie finden uns auf allen Plattformen, wo es Podcasts gibt und auf YouTube. *Mehr Informationen: * - Ministerium für Gleichstellung und Diversität: https://mega.gouvernement.lu/de.html - Ministerium für Sport: https://msp.gouvernement.lu/de.html - INAPS (Institut national de l'activité physique et des sports): https://inaps.public.lu/fr.html - Plan d’Action National pour une égalité entre les femmes et les hommes: https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2020/07-juillet/Plan-d-action-national-Egalite.pdf *Die Rubricken:* 04:45 - Fakten, Fakten, Fakten 12:19 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 15:46 - Top Flop 17:01 - De kritesche Geescht…
Wéi eng Roll spille Gemengen an der Nohaltegkeet? An dëser Episod vu One Planet, 20 Futures schwätze de Cédric Reichel, eisen Host, mat enger Persoun, déi net just iwwer Verännerung schwätzen, mee se och ëmsetzt: de Mike Poiré, Buergermeeschter vun der Gemeng Mäerzeg. Zesummen entdecke mir wéi eng Gemeng als Motor fir ee positive Wandel ka wierken, wat dofir néideg ass a wat dat ganzt matt Gemeinwohlökonomie ze dinn huet. Kann dat de Standard ginn? Eng Episod iwwer Politik, déi net nervt, an Decisiounen, déi net nëmmen um Pabeier gutt kléngen. Lauschtert elo fir eraus ze fannen wéi! Dir fannt eis op alle Plattformen wou et Podcasts ginn. Méi Informatiounen: Gemeinwohlökonomie: https://austria.econgood.org/ d’Matrix vun der Gemeinwohlökonomie: https://austria.econgood.org/gemeinwohlbilanz/ d’Gemeng Mäerzeg: https://www.mertzig.lu/ den M-Team: https://www.m-team.lu/publication D’Rubricken: 15:34 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 20:27 - De kritesche Geescht 25:28 - Fakten, Fakten, Fakten 26:10 - Top Flop…
An dëser Episod schwätzt de Jean-Paul Scheuren, Vize-Präsident vun der Chambre Immobilière, matt eisem Host, dem Cédric Reichel, iwwert déi grouss Erausfuerderunge vum Wunnengsmarché zu Lëtzebuerg. Hie bréngt erfreschend Usäz an d'Diskussioun: Wunnen ass net nëmme Besëtz, et ass e Recht, an et geet net nëmmen ëm Präisser, mee ëm gesellschaftlech Verantwortung. Themen aus der Episod: Wei kënne mir bezuelbare Wunnraum fir jiddereen schafen? Wat ass den Ennerscheed tëschent enger Investissioun an der Occupatioun vun engem Haus? Alternativ Wunnforme wéi Tiny Houses a WGs – d’Zukunft fir Lëtzebuerg? Wat ass d’Roll vun den Développeuren a wéi kënne si Deel vun der Léisung sinn? Lauschtert elo, fir nei Perspektiven ze entdecken a iech an d'Diskussioun anzeschalten. Dir fannt eis op alle Plattforme wou et Podcaste ginn. Méi Informatiounen: D’Chambre Immobilière: https://www.chambre-immobiliere.lu/ Den Jean-Paul Scheuren op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/jean-paul-scheuren-7295504b/ Logement abordable: https://fondsdulogement.lu/fr/je-cherche-louer/louer-un-logement-abordable D’Rubricken: 4:49 - Fakten, Fakten, Fakten 10:46 - De kritesche Geescht 16:01 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 20:32 - Top Flop…
An dëser Episod vun One Planet, 20 Futures schwätzt de Cédric Reichel mam Laura Zuccoli, fréier Präsidentin vun der ASTI - Association de Soutient aux Travailleurs Immigrés, iwwert Demokratie zu Lëtzebuerg. De Fokus läit op der Fro, wéi eng inklusiv Gesellschaft ausgesinn kéint, déi sech op glaich Rechter, Multikulturalitéit an Zesummenhalt opbaut. Mat Theemen wéi Wahlrecht, Integratioun, a Biergerpartizipatioun, kucke mir, wéi mir d’Zukunft demokratesch a fair fir Auslänner, Frontaliers a Lëtzebuerger kënne gestalten. Lauschter elo a fannt eraus, firwat mir zu Lëtzebuerg politesche Courage brauchen! Du fënns eis iwwerall do wou et Podcaste ginn. Méi Informatiounen: ASTI: https://www.asti.lu/ D'Laura Zuccoli op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/laura-zuccoli-b7a883158/ Fann Deng Gemeng op Hoplr: https://www.hoplr.com/ De Biergerpakt: https://biergerpakt.zesummeliewen.lu/en/ Zentrum fir Politesch Bildung: https://zpb.lu/ D’Rubricken: 05:52 - De kritesche Geescht 09:47 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 15:05 - Top Flop…
Wéi kënne mir eise Steiersystem fir eng méi nohalteg Zukunft transforméieren? De Georges Bock, Finanzexpert a Grënner vu Moniflo, diskutéiert seng Visioun fir eng Steierreform, déi Ressourcenverbrauch an Emissiounen besteiert, an net nëmmen d’Aarbecht. Hien erkläert, wéi gréng Investissementer an digital Technologien eis Wirtschaft kënnen transforméieren, a wisou "green goes digital" méi wéi e Slogan ass. Dir wäert iwwerrascht sinn: Ass eng nohalteg Wirtschaft vläicht méi rentabel wéi eng traditionell? Lauschtert dës Episode elo op alle Plattformen an abonnéiert eis op Instagram (@oneplanet_20futures) an op LinkedIn (@csdd_nohlategkeetsrot). Méi Informatiounen: Moniflo: https://en.moniflo.com/ Tax Shift by CSDD: https://csdd.public.lu/content/dam/csdd/fr/actualites/2023/07/the-taxshift-etude-de-cas-luxembourg-rsum-excutif-fr.pdf ESMA Studie: Säit 24, https://www.esma.europa.eu/sites/default/files/2025-01/ESMA50-524821-3525_ESMA_Market_Report_-_Costs_and_Performance_of_EU_Retail_Investment_Products.pdf Georges Bock op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/georgesbock/ D'Rubricken: 06:00 - D’Fro vun der Nohaltegkeet 12:15 - Top Flop 14:44 - Fakten, Fakten, Fakten 24:45 - De kritesche Geescht…
An dëser Episod schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel matt der Responsable fir Erneierbar Energien bäi Enovos, Dr. Anouk Hilger, iwwer d’Energietransitioun a wéi mir eis Energieproduktioun méi nohalteg kënne gestalten. Theme wéi Photovoltaik, Wandkraaft a Sobriéteit ginn diskutéiert, mee och Froe wéi: Wéi kënne mir déi néideg gesellschaftlech Ënnerstëtzung fir d’Energietransitioun kréien? Wat sinn déi grouss Barrièren zu Lëtzebuerg? Wéi kënne mir administrativ Prozesser beschleunegen? Dir wäert erstaunt sinn ze héieren, wéi séier d’Technologie fortgeschratt ass a wéi vill mir hei zu Lëtzebuerg nach kënne maachen! Lauschtert eis elo op alle Plattforme wou et Podcasts ginn a followt eis op Instagram @oneplanet_20futures an op LinkedIn @CSDD – Nohaltegkeetsrot! Méi Informatiounen: Plan National intégré en matière d'Energie et de Climat (PNEC): https://environnement.public.lu/ Enovos: https://www.enovos.lu/en/ D'Anouk Hilger op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/anouk-hilger D’Rubricken: 06:49 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 13:05 - Top Flop 15:56 - De kritesche Geescht 18:01 - Fakten, Fakten, Fakten…
An der leschter Episode One Planet, 20 Futures fir 2024 schwätzt den Dr. Philippe Turk, Präsident vun der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois, iwwert seng Visioun vun enger gesonder Gesellschaft – net nëmmen engem funktionéierende Gesondheetssystem. Zesumme mam Cédric Reichel, eisem Host, diskutéiren si iwwert Präventioun am Plaatz vun der Kuratioun an iwwert d’Roll vun der Bildung an enger sozialer Verantwortung fir d’Gesondheet vun der Gesellschaft ze verbesseren. Wosst Dir zum Beispill dass 70% vun de Krankheeten vermeidbar sinn? Lauschtert eran wann dir rausfanne wëllt wéi dat ka wouer sinn! Dir fannt eis op Spotify, ApplePodcasts, Deezer an Youtube. Followt eis op Instagram @oneplanet_20futures an op LinkedIn @CSDD – Nohaltegkeetsrot! Méi Informatiounen: Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois: https://fhlux.lu/web/ World Health Organization : https://www.who.int/ Fakten iwwert chronesch Krankheeten: https://www.who.int/news-room/fact-sheets/detail/the-top-10-causes-of-death Rubricken: 04:13 - Top Flop 15:05 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 19:18 - Fakten, Fakten, Fakten 23:39 - De kritesche Geescht…
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel mam Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stemm vun der Strooss iwwert sozial Gerechtegkeet an Aarmut zu Lëtzebuerg. Wat heescht et aarm ze sinn an engem vun de räichste Länner vun der Welt? Kënne mir eng nohalteg Gesellschaft hunn, wann 1 vu 5 vun Aarmut betraff ass? Wat fir eng Zukunft hunn aarm Leit zu Lëtzebuerg? Wéi kënne mir zesummen eppes verbesseren? All dëst a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Lauschtert a followt eis iwwerall do wou et Podcaste ginn. #Spotify #YouTube #Applepodcasts #Deezer Méi Informatiounen: Stëmm vun der Stroos: https://stemm.lu/en/about-us Dir kënnt si hei ennerstëtzen: https://stemm.lu/en/support-us De Caddy: https://stemm.lu/en/services/stemm-caddy Revenu d’inclusion sociale (REVIS): https://fns.public.lu/fr/revis.html Rubricken: 10:59 - Fakten, Fakten, Fakten 13:08 - Top Flop 18:50 - De kritesche Geescht 23:01 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot…
“D’Zukunft ass net méi dat wat se mol war” seet de Gilbert Pregno, Psycholog a systemeschen Psychotherapeut, fréiere Präsident vun der Mënscherechtskommissioun. Wat heen domat mengt, ass dass et fréier ee „festgeluechte“ Wee gouf, deen d’Leit gaange sinn an deen huet Sécherheet, Stabilitéit an fir Hoffnung gesuergt. Haut des Daags, an Zäite vun enger Klimakrise, enger weltwäiter Pandemie wéi mer se haaten a Kricher déi sech konstant intensivéiren ass dat net méi méiglech. Wat ass d’Zukunft fir déi Jonk dann? Dat ass d’Fro déi de Cédric Reichel, eisen Host, zesumme mam Gilbert Pregno an dëser Episode diskutéiert. Wéi kenne mir als Gesellschaft de Jonken Hoffnung ginn, hire Courage amplifiéieren an si ënnerstëtzen? Wéi können mer, di „Aal“ vun hiirer Begeschterung, Intelligenz an Engagement profitéieren a vun hinnen léieren. Et ass eng spannend Episode matt ganz ville Facetten, mee och schwieregen Themen, déi Gefiller vun der Machtlosegkeet an Hoffnungslosegkeet opkomme kënne loossen. Wann iech, di Jonk, dat betrëfft, da fannt Dir hei Hëllef: https://www.kjt.lu/fr/1-1-6-1-1-1/ oder rufft um 116 111 un. Lauschtert eis Episode op ärer Lieblingsplattform an abonnéiert “One Planet, 20 Futures”! Méi Informatiounen: Mënscherechtskomissioun (Commissioun Consultative des Droits de l’Homme - CCDH): https://ccdh.public.lu/fr.html/ Kanner- a Jugendtelefon: https://www.kjt.lu/de/wer-wir-sind/ Semaines de la Santé Mentale 2024: https://www.semainesantementale.lu/ Podcast Recommendation: Lët’z Inform vun Jugendinfo.lu Rubricken: 12:20 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 16:49 - De kritesche Geescht 19:21 - Top Flop 24:03 - Fakten, Fakten, Fakten…
„Mir mussen anescht wuessen“ seet den Dr. Serge Allegrezza, fréieren Direkter vum STATEC wärend 20 Joer. An dëser Episode vun One Planet, 20 Futures gëtt iwwert d’Méiglechkeeten an d’Erausfuerderunge vun enger grénger a sozial-inklusiver Ekonomie diskutéiert. Wat ass d’Roll vun der Technologie am Kampf géint de Klimawandel? Wéi kënne mir nohalteg wuessen? Wat huet de Revenu national matt eisem Wuelstand ze dinn? Dëst a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Abonnéiert eis op ärer Liblings-Plattform a followt eis op Instagram @oneplanet-20futures a LinkedIn @csdd_nohaltegkeetsrot. Méi Informatiounen: STATEC website: https://statistiques.public.lu/fr.html PIBien-être : https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2024/stn11.html One Planet, 20 Futures – Futur #4 avec Jean-Baptiste Nivet sur le système des pensions au Luxembourg One Planet, 20 Futures – Future #2 with Francesco Sarracino on well-being economy D’Rubricken : 08:10 - Fakten, Fakten, Fakten 10:28 - D’Fro vun der Nohaltegkeet 13:34 - Top Flop 17:49 - De kritesche Geescht…
An dëser Episode schwätzt eisen Host, Cédric Reichel, mam Julie Schadeck, General Manager vun der UNature (fréier Université dans la Nature). No enger laanger Zäit an Amerika, ass d’Julie säit dräi Joer zréck zu Lëtzebuerg a setzt sech dofir an d’Mënschen erëm matt der Natur ze verbannen. Et fänkt schonn domat un dass ee versteet wat Natur ass. Wat sinn d’Virdeeler vun enger déiwer Verbindung matt der Natur? Wéi kenne mir verbonne matt der Natur sinn, ouni als “Esoteriker” bezeechent ze ginn? All dëst a méi gidd Dir an dëser Episode gewuer! Lauschtert eis op Spotify, Apple Podcasts, Deezer oder YouTube! Mei Informatiounen: UNature Website - org The Crying Indian (1970) - https://www.youtube.com/watch?v=j7OHG7tHrNM Whitburn, J., Linklater, W., & Abrahamse, W. (2019): Meta-analysis of human connection to nature and proenvironmental behaviour. Conversation Biology, 34 (1), 180-193. https://conbio.onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1111/cobi.13381 Twohig-Bennett, C., & Jones, A. (2018). The health benefits of the great outdoors: A systematic review and meta-analysis of greenspace exposure and health outcomes. Environmental research , 166 , 628–637. https://doi.org/10.1016/j.envres.2018.06.030 Rubricken: 06:21 - Top Flop 11:40 - Fakten, Fakten, Fakten 15:12 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 21:53 - De kritesche Geescht…
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Dr. Stefan Maas, Professer op der Universitéit Lëtzebuerg fir Ugewante Mechanik an Energie Effizienz. Et geet em d’Komplexitéit vum Energieverbrauch, d’Zukunft vum Bauwiesen a wéi mir eis Ziler kënnen erreechen – mat Gréngem Denken a pragmateschen Iddien. Sollen nei Gebaier gebaut ginn, déi manner Energie brauchen, oder sollen al Haiser renovéiert gi fir d’Matière première kennen ze halen? Wéi kënne mir Energie effizient späicheren? Firwat solle mir zu Lëtzebuerg eng CO2 Steier aféieren? All dat a méi gitt dir an dëser Episode vun One Planet, 20 Futures gewuer! Lauschtert eis op YouTube, Spotify, ApplePodcasts an Deezer! Méi Informatiounen: Mauna Loa Kurve: https://gml.noaa.gov/ccgg/trends/graph.html Ecological Footprint Calculator: https://www.footprintcalculator.org/home/en CO2 Steier an der Schweiz: https://www.bafu.admin.ch/bafu/de/home/themen/klima/fachinformationen/verminderungsmassnahmen/co2-abgabe.html Master an der Nohaltegkeet op der Uni.lu: https://www.uni.lu/fstm-en/study-programs/master-en-developpement-durable-energie-et-environnement/ D’Rubricken: 07:16 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 10:30 - De kritesche Geescht 17:50 - Fakten, Fakten, Fakten 20:13 - Top Flop…
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Claude Origer, engem passionéierte Geographiesprof aus dem Athénée, iwwert de Schoulsystem. De Schoulsystem ass ee fundamentalen Deel vun eiser Gesellschaft a soll d’Komplexitéiten an d’Themen dovuner spigelen. Dofir ass et an Zäiten vun Klimawandel, ChatGPT an Krischer wichteg dass Kompetenzen wéi Kritescht Denken, Methodescht Léiren an Zesummenhäng erkennen an der Schould vermëttelt ginn. Wéi kënne mir dat ëmsetzen? Wéi gesäit d’Schoul vun der Zukunft aus? Wat ass d’Roll vum Prof an der Zukunft? All dat a vill méi gidd dir an dëser Episode gewuer! Lauschtert eis op YouTube, YouTube Music, Spotify, ApplePodcasts oder Deezer! Méi Informatiounen: site Bildung fir Nohalteg Entwécklung (BNE): https://bne.lu/ Sektioun R: https://men.public.lu/fr/esc-section-r.html Blue Marble, 1972: https://science.nasa.gov/resource/the-blue-marble/ Rubricken: 12:31 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 15:44 - De kritesche Geescht 23:28 - Top Flop 24:42 - Fakten, Fakten, Fakten…
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, matt der Dr. Stéphanie Zimmer iwwert Landwirtschaft, Ernärung a Biodiversitéit. D’Stéphanie ass Directrice vum IBLA (Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrökologie Luxemburg) an ass bekannt fir d’Leguminosen (also d’Hülsenfrüchte) op Lëtzebuerg bruecht ze hunn. Wat kënne mir zu Lëtzebuerg fir eng nohalteg Landwirtschaft maachen? Wat sinn d’Hoffnunge fir d’Zukunft a wat ass d’Situatioun am Moment? Wéi kënne mir zu Lëtzebuerg Ernärungssecherheet garantéiren a gläichzäiteg Zäregaser ofbauen, a Biodiversitéit opbauen? Wat fir eng Roll spille Bio Labels a Bio-Baueren an dem Szenario? All dat gitt dir an dëser Episode gewuer. Lauschtert eis op YouTube, Spotify, ApplePodcasts oder Deezer! Méi Informatiounen: IBLA Website: https://ibla.lu/en/ibla/ Vision 2050: https://ibla.lu/ibla/#4370 Weltacker: https://www.2000m2.eu/de/ Antigaspi.lu : https://antigaspi.lu/ EU Bio Label: https://agriculture.ec.europa.eu/farming/organic-farming/organic-logo_en D’Rubricken: 06:34 - Fakten, Fakten, Fakten 10:43 - Top Flop 19:40 - D’Fro vun der Nohaltegkeet 22:19 - De kritesche Geescht…
플레이어 FM에 오신것을 환영합니다!
플레이어 FM은 웹에서 고품질 팟캐스트를 검색하여 지금 바로 즐길 수 있도록 합니다. 최고의 팟캐스트 앱이며 Android, iPhone 및 웹에서도 작동합니다. 장치 간 구독 동기화를 위해 가입하세요.